Op den Inhalt sprangen

Boot

Vu Wikipedia
Image Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gefier um Waasser. Fir eng Klass vu Computerprogrammer, kuckt wgl. Bot.
Image
Booter op der Musel

E Boot (oder Bot) ass e Waassergefier, dat allgemeng méi kleng wéi e Schëff ass.

Kleng Booter ginn typescherweis op Bannegewässer wéi Flëss a Séien oder a geschützte Küstegebidder benotzt. An der moderner Marinn ass e Boot e Waassergefier, dat kleng genuch ass, fir u Bord vun engem Schëff transportéiert ze ginn.

Wat d'Proportiounen an d'Baumethode vun de Booter ugeet, sou variéieren déi nom Zweck fir wat se gebraucht ginn, vun de Materialien déi zur Verfügung stinn, no de lokalen Traditiounen, asw.

Booter kënne mat Muskelkraaft (z. B. Rudderbooter a Paddelbooter), mam Wand (z. B. Seegelbooter) oder mat Motoren (Bensinn, Diesel, Stroum) ugedriwwe ginn.

Image  Commons: Boot – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Boat, Wikipedia op Englesch, Versioun vum 05.05.2025, 16:35
  • Boot, Wikipedia op Däitsch, Versioun vum 29.05.2025, 12:33