Pascal Husting
| Pascal Husting | |
|---|---|
| Gebuer | 1. Juli 1961 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ëmweltaktivist |
|
| |
De Pascal Husting, gebuer den 1. Juli 1961[1], ass e lëtzebuergeschen Ëmweltaktivist. Hie gouf Enn 2011 Programmdirekter vu Greenpeace International.[2] 2018 gouf hie bannent dem Generalsekretariat vun der LSAP Responsabele fir d'Kommunikatioun, d'Bezéiungen zu der Press an d'Organisatioun vun Evenementer[3]
De Pascal Husting huet zu Köln Sport studéiert an huet vun 1987-1988 an enger Erzéiungsanstalt Schoul gehalen. 1990 bis 1995 huet hien an enger Cabinet fir Audit a Comptabilitéit geschafft. 1995 gouf hie Finanzdirekter, 1997 Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. 2004 gouf de Pascal Husting Responsabel fir de Büro "Ëstlecht Mëttelmier" (Tierkei, Libanon, Israel a Malta) vun där Organisatioun.[4] Vu Mäerz 2005 bis Dezember 2011 war hien Direkter vu Greenpeace France.[5]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ CV op oecd.org
- ↑ "Pascal Husting nommé directeur des programmes de Greenpeace international." press.greenpeace.fr, 04.07.2011.
- ↑ "Pascal Husting remplace Chantal Boly au secrétariat général du LSAP." rtl.lu, 8 mars 2018
- ↑ greenpeace.org: .
- ↑ Pascal Husting Directeur de Greenpeace France. Archivéiert den 21.12.2008. Gekuckt de 17.02.2009.
