Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.946 Artikelen an 109 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol – 1924 an 1928 – d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
- … d'Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
- … d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
- … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn, an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
Artikel vun der Woch
Tréier ass eng däitsch Stad a Rheinland-Pfalz a gëllt mat senger méi wéi zweedausendjäreger Geschicht als déi eelst Stad vun Däitschland. Haut ass Tréier mat sengen ëm déi 100.000 Awunner, Bëschofssëtz an Universitéitsstad. Tréier läit an engem flaachen Deel 124 m iwwer NN vum soss enke Museldall, nëmmen e puer Kilometer vun der Lëtzebuergescher Grenz ewech.
16 v. Chr. gouf et vun de Réimer ënner dem Keeser Augustus an der Géigend vum Stammhellegtum vun de kelteschen Treverer ënnert dem Numm Augusta Treverorum gegrënnt. De Keeser Diokletian huet d'Stad mam Numm Treviris zur réimescher Keeserresidenz an Haaptstad vum westréimesche Räich ernannt. Dat antikt Tréier hat seng Héichzäit am fréie 4. Jh. ënner dem Regime vum Keeser Konstantin. Enn vum 5. Jh. vun de Franken eruewert, huet Tréier dono zum ostfränkesch-däitsche Räich gehéiert. 958 gouf déi haiteg Maartplaz, mat der Opriichtung vum Maartkräiz, zum Zentrum vun der mëttelalterlecher Stad. Am 12. Jh. goufen déi Tréierer Äerzbëscheef Kurfürsten an hunn Tréier zur Haaptstad vun hirem Kurstaat gemaach. Wärend dem Drëssegjärege Krich ass Tréier vun de Spuenier an duerno vun de Fransousen eruewert ginn. D'Stad sollt nach e puermol a franséisch Hänn falen, ier se 1815 zu Preisen gehéiert huet. Am Zweete Weltkrich gouf et zum Deel schwéier beschiedegt.
Tréier ass een eezege Fräiliichtmusée mat antiken, mëttelalterlechen an neizäitleche Gebaier, vun deenen der 1986 eng Partie op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen opgeholl goufen... > méi

Op engem 23. September
- 1828: Gebuert vum lëtzebuergesche Geolog Pierre Mathias Siegen.
- 1846: De Johann Gottfried Galle an den Heinrich Louis d'Arrest entdecken de Planéit Neptun.
- 1853: Déi Lëtzebuerger Regierung Simons gëtt vereedegt.

Romy Schneider - 1865: Déi franséisch Molerin Suzanne Valadon kënnt op d'Welt.
- 1901: Den tschechoslowakeschen Dichter a Literaturnobelpräisdréier Jaroslav Seifert gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller Mickey Rooney.
- 1930: Den US-amerikanesche Sänger Ray Charles gëtt gebuer.
- 1938: Déi däitsch Filmschauspillerin Romy Schneider kënnt op d'Welt.
Kierzlech Verstuerwen

- 15. September: Ralf Richter, däitsche Schauspiller.
- 14. September: Catherine Ringer, franséisch Rockmusekerin a Sängerin.
- 12. September: Guy Marson, lëtzebuergesche Mykolog.
- 11. September: Emma Bonino, italieenesch Politikerin.
- 3. September: Romain Schreiner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
