Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.922 Artikelen an 116 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
- … d'Dreckswiss en Naturschutzgebitt an de Gemenge Käerjeng a Suessem ass, dat 71 ha Fiichtgebitt ëm d'Kuer ëmfaasst?
- … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
- … d'Republik Andorra zwéi Staatscheffen huet, nämlech de franséische President Emmanuel Macron an de Josep-Lluís Serrano Pentinat, Bëschof vu La Seu d'Urgell?
- … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
Artikel vun der Woch

D'Manternacher Fiels ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Manternach a Mäertert, am Sirdall tëscht den zwou Uertschaften. Et ass Bëschgebitt, wouvun zirka 132 ha zanter 2000 ënner Naturschutz stinn. Am Kader vun der EU-Habitatdirectiv gehéiert den Dall tëscht Manternach an der Fielsmillen mat 171 ha gläichzäiteg zum europäeschem Natura-2000-Netz vu schützenswäerte Gebidder.
Si ass besonnesch bekannt fir hire bemierkenswäerte Griechtebësch. D'Sir huet sech do Laf vun der Zäit duerch d'Waasserkraaft an d'Schichte vum Muschelkallek agedéift an den Dall geschaf. Duerch déi geologesch a klimatesch Bedéngungen an déi fréier Kulturlandschaft mat Wéngerten a Bongerte besteet den Dall haut aus engem villsäitegen, awer nach bal ganz mat Bësch bedecktem Gebitt. Ekologesch interessant ass deen no Norden exposéierten Hank vun der Fielsmillen, dee vum Manternacher Griechtebësch ageholl gëtt. Eng aner Bëschgesellschaft an der Reserv ass den thermophilen Eechebësch, dee sech um Südhank vun der Muschelkallek-Fielswand erstreckt. Weider bitt den naturnoe Waasserlaf vun der Sir en amphibesche Liewensraum.
E Léierpad, mat Depart bei der Sirdallbréck oder zu Manternach, erkläert op 17 Panneauen déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vun der Manternacher Fiels... > méi

Op engem 13. September
- 1598: Doud vum Felipe II. vu Spuenien, Herzog vu Lëtzebuerg, Kinnek vu Spuenien a vu Portugal.
- 1813: Den US-amerikanesche Generol John Sedgwick kënnt op d'Welt.
- 1814: Gebuert vum lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant Joseph-Ernest Buschmann.

Clara Schumann - 1819: Déi däitsch Komponistin a Pianistin Clara Schumann gëtt gebuer.
- 1834: De lëtzebuergesche Professer an Auteur Joseph Speck kënnt op d'Welt.
- 1871: Gebuert vum lëtzebuergesche Sculpteur Jean Mich.
- 1874: Den éisträichesche Komponist Arnold Schönberg kënnt op d'Welt.
- 1916: Den englesche Schrëftsteller Roald Dahl gëtt gebuer.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. September: Emma Bonino, italieenesch Politikerin.
- 2. September: Péil Schlechter: lëtzebuergesche Graphiker, Comiczeechner an Auteur.
- 1. September: Jean-Paul Rappeneau, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. August: Édouard Balladur, franséische Politiker.
- 28. August: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
E Bléck op…

haut: Bibliothèque nationale de France.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik