Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 68.150 Artikelen an 120 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuelle WikiProjet: Buergermeeschteren
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de „Pappe“ vun der Belscher Verfassung war?
- … de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
- … den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?
- … de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
- … de Mathematiksprofesser Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829), war?
Artikel vun der Woch

De Begrëff Belsch (resp. Belgica, Belgae, Belgique, asw.) gouf am Laf vun der Zäit fir eng méi oder wéineger grouss Géigend a fir ënnerschiddlech Mënschegruppen benotzt.
De Begrëff Belgium, deen de Julius Caesar a senge Commentarii de Bello Gallico gebraucht, schéngt nëmme fir e klengen Deel am Südweste vum Territoire vun de Belgae ze gëllen, ongeféier an der Géigend vun Amiens, Beauvais an Arras. Eppes méi spéit gëtt d'Wuert Belgica méi am Sënn vum Gebitt, wou d'Belgae doheem si benotzt. An de Joerhonnerten dono steet d'Wuert grosso modo fir de Raum tëscht der Seine, der Marne, dem Rhäin an dem Nordmier, mat Tréier (Belgica I) a Reims (Belgica II) als Haaptstied. Spéider erstreckt sech d'Belgica och mol iwwer d'Géigend vum Mëttelrhäin bis an déi haiteg Schwäiz eran.
Am spéiden 9. Joerhonnert gouf dem Lothar II. säin Zwëscheräich Lotharingien als Gallia Belgica oder einfach als Belgica bezeechent. Zu der Zäit vum Philippe III. (15. Jh.), gouf mam Begrëff Gallia Belgica den Ensembel vun alle Principautéite bezeechent, déi bis dohi vum Haus Burgund tëscht Frankräich an dem däitsche Keeserräich gesammelt gi waren, dorënner och d'Herzogtum Lëtzebuerg... > méi

Op engem 4. November

- 1899: Gebuert vum lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz.
- 1922: Egypten: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneke bei Luxor dat bis dohin onbekannt Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1950: Zu Roum gëtt d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ënnerschriwwen.
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
- 1979: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Mohammad Rezah Pahlavi deen an d'USA geflücht war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1982: Doud vum franséische Filmregisseur a -schauspiller Jacques Tati.
- 1995: Den israeelesche Premier Itzchak Rabbin gëtt vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 2008: De Barack Obama gewënnt d'US-Presidentschaftswalen.
Kierzlech Verstuerwen

- 3. November: Janosch (Horst Eckert), däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller.
- 28. Oktober: Elke Sommer, däitsch Schauspillerin; Patrick Stewart, brittesche Schauspiller.
- 27. Oktober: Norbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 25. Oktober: Henri Frank, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 21. Oktober: Tom Skerritt, US-amerikanesche Schauspiller.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
