Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.336 Artikelen an 116 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Sudoku-Spill schonns am 18. Joerhonnert ënner dem Numm Carré latin vum Mathematiker Leonhard Euler erfonnt gouf, ma eréischt am 21. Joerhonnert ënnert senger japanescher Bezeechnung weltwäit Succès krut?
- … wéi de Wilwerdanger Tunnel 1889 a Betrib geholl gouf, eng Persoun agestallt gouf, där hir Aufgab et war, déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht um liichten ze halen?
- … de Stroossennumm Leschte Steiwer op den Numm vun enger Wiertschaft zeréckgeet, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Su (Steiwer) fir e Patt ausginn hunn?
- … Titanic vum James Cameron deen éischte Film war, dee méi wéi eng Milliard Dollar an de Kinoen abruecht huet?
Artikel vun der Woch

D'Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753 ass eng Panoramazeechnung déi den éisträichesch-ungareschen Offizéier Wenzel Callot am Joer 1753 am Optrag vum Josef Wenzel, Fürst vu Liechtenstein, vun der Festung Lëtzebuerg gezeechent huet. D'Fiederzeechnung am Format vu 35,3 × 213 cm war an den Archive vun der Wiener Albertina „verluer“ gaangen a gouf eréischt 2018 erëmfonnt. Si weist d'Uewer- an d'Ënnerstad vum Fort Obergrünewald aus.
Wéi och aner Veduten ass dem Callot säi Panorama vun der Festung Lëtzebuerg perspektivesch manipuléiert an och vu verschiddene Standpunkten aus gezeechent ginn, eng Zeecheweis, déi fir Stadvuen tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert geleefeg war.
Et ass eng hyperrealistesch Duerstellung vun der Festung mat enger Abberzuel Informatiounen iwwert d'Geologie, d'Vegetatioun, d'Landbenotzung, d'Architektur an d'Infrastruktur, awer ouni eng Spuer vu Mënschen oder Déieren. Déi ganz Zeechnung kann och net "op ee Bléck" gekuckt ginn, et muss een se wéinst dem breede Format stéckerchesweis z. B. vu lénks no riets kucken. De Callot huet sech e puer kënschtleresch Fräiheeten erlaabt, andeems en eenzel Deeler verzunn oder gekrëmmt huet fir e bessert Gesamtbild ze schafen... > méi
Op engem 28. Dezember
- 1673: Den nidderlännesche Kartograph a Kofferstiecher Joan Blaeu stierft.
- 1856: Den US-amerikanesche Politiker a President Woodrow Wilson gëtt gebuer.

Hildegard Knef - 1888: Den däitsche Filmregisseur Friedrich Wilhelm Murnau kënnt op d'Welt.
- 1908: Gebuert vun der lëtzebuergescher Molerin Ida Faber-Hoesdorff.
- 1925: Déi däitsch Schauspillerin a Sängerin Hildegard Knef gëtt gebuer.
- 1934: Déi brittesch Schauspillerin Maggie Smith kënnt op d'Welt.
- 1954: Den US-amerikanesche Schauspiller Denzel Washington gëtt gebuer.
- 1955: Gebuert vum chineesesche Schrëftsteller Liu Xiaobo.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤ 28. Dezember: Brigitte Bardot, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 22. Dezember: Chris Rea, brittesche Rock- a Bluessänger.
- 21. Dezember: Paul Kremer, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
- 17. Dezember: Rosa von Praunheim, däitsche Regisseur a Produzent.
- 15. Dezember: Jean Klein, lëtzebuergesche Foussballspiller.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
