Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.404 Artikelen an 121 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … d'Marguerite Thomas-Clement (1886-1979) 1919 déi éischt a laang eenzeg Fra war, déi an d'Lëtzebuerger Chamber gewielt gouf?
- … et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der Minoescher Kultur ginn, wouvun déi gängegst e Vulkanausbroch op der Insel Thira dofir verantwortlech mécht?
- … de Mill Ends Park mat 0,292 m2 dee klengste Park vun der Welt ass?
- … zwou Persoune mam Numm Ernest Arendt Member vum Staatsrot waren, an zwar de Riichter Ernest Arendt vun 1902 bis 1931 an den Affekot Ernest Arendt vun 1973 bis 1988?
- … bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 d'Resistenzgruppen d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a „Volkszugehörigkeit“ mat „Lëtzebuergesch“ amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat „deutsch“ z'äntwerten?
Artikel vun der Woch

D'Sonn, op Latäin Sol, ass de Stär am Zentrum vun eisem Planéitesystem, dat mir Sonnesystem nennen.
Eis Sonn ass fir d'Liewen op der Äerd vu fundamentaler Bedeitung. Vill wichteg Prozesser op der Äerduewerfläch, wéi d'Klima an d'Liewe selwer, ginn duerch d'Stralungsenergie vun der Sonn ugedriwwen. D'Energie vun der Sonn dréit zu 99,98 % vun allen Energiequellen zum Äerdklima bäi– de butzege Rescht gëtt aus geothermalen Hëtztquelle gespeist. Och d'Gezäite ginn zu engem Drëttel op d'Gravitatioun vun der Sonn zeréck.
D'astronomescht Zeeche fir eis Sonn ass
.
D'Sonn ass dee mächtegsten Himmelskierper an eisem Planéitesystem, zu deem senger Gesamtmass si mat engem Undeel vun 99,9 % bäidréit. Se huet en Duerchmiesser vun ongeféier 1,39 Millioune km (d. h. den 109-fachen Äerdduerchmiesser). Hiren duerchschnëttlechen Ofstand vun der Äerd ass ongeféier 150 Millioune Kilometer. D'Äerd kënnt bei hirem Perihel-Transit ëm den 3. Januar (2.–4. Januar) bei 147,099 Mio. km am nooste bei d'Sonn, déi gréisst Distanz huet se bei hirem Aphel-Duerchgank ëm de 5. Juli (3.–6. Juli) bei 152,096 Mio. km.
Mat hirer Uewerflächentemperatur vu 5.778 K fält d'Sonn an d'Spektralklass G2 an huet d'Liichtkraaftklass V. Si ass deemno en duerchschnëttlechen „Zwergstär“, dee giel liicht. Hiren Alter gëtt op ronn 4,57 Milliarde Joer geschat... > méi
Op engem 8. Januar
- 1642: Doud vum italieenesche Philosoph, Mathematiker, Physiker an Astronom Galileo Galilei.
- 1871: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker Nicolas Biwer.

Elvis Presley - 1934: De franséische Vëlossportler an Tour-de-France-Gewënner Jacques Anquetil kënnt op d'Welt.
- 1935: Gebuert vum US-amerikanesche Museker Elvis Presley.
- 1937: Déi brittesch Musekerin Shirley Bassey gëtt gebuer.
- 1942: De britteschen Astrophysiker Stephen Hawking kënnt op d'Welt.
- 1947: Gebuert vum englesche Museker David Bowie.
- 1959: De Charles de Gaulle gëtt President vun der franséischer Republik.
Kierzlech Verstuerwen

- 6. Januar: Robert Goebbels, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. Dezember: Leo Folschette, lëtzebuergesche Schauspiller an Televisiounsproduzent.
- 28. Dezember: Brigitte Bardot, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 22. Dezember: Chris Rea, brittesche Rock- a Bluessänger.
- 21. Dezember: Paul Kremer, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
