Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.399 Artikelen an 122 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
- … de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
- … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
- … op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
- … de Begrëff „Télécran“ fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
Artikel vun der Woch
Déi fréier Frichë vu Belval sinn 122,7 ha grouss a leien um Terrain vun de Gemengen Esch-Uelzecht a Suessem, laanscht d'franséisch Grenz, op de Flouere Belval a Laangwiss.
Do war knapps ee Joerhonnert laang d'integréiert Schmelz/Stol- a Walzwierk vun Arbed-Esch-Belval, déi 1909-1913 als Adolf-Emil-Hütte gegrënnt gi war. D'Nofollgergesellschaft ArcelorMittal bedreift haut nach en Elektro-Stoluewen an e Walzwierk um ëstlechen Deel vun deem Terrain. Deen am Weste gëtt, nodeems do 1996 dee leschten Héichuewen ausgemaach gouf, zanter 2001 duerch d'Gesellschaft Agora, an där de Staat an d'Arbed vertruede sinn, no engem Masterplang vu Jo Coenen & Co urbanistesch entwéckelt, fir dass um Enn eng 7.000 Leit do wunnen an der 25.000 do schaffen kënnen. Fir déi staatlech Infrastrukturen, haaptsächlech d'Gebaier vun der Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation, ass de Fonds Belval, en ëffentlecht Etablissement, zoustänneg. De Rescht si privat finanzéiert Projeten.
Zanter 2004 si Wunnengen, Geschäfter, Büroen, Kultur-, Erzéiungs- a Fuerschungsariichtungen entstanen, respektiv nach am Bau. 2015 ass d'Uni Lëtzebuerg an hiert neit Gebai, d'Maison du savoir, geplënnert... > méi

Op engem 23. Juni

- 1845: De lëtzebuergeschen Architekt Antoine Luja kënnt op d'Welt.
- 1848: D'Assemblée constituante hëlt déi Lëtzebuerger Verfassung un.
- 1894: Gebuert vum US-amerikanesche Sexualfuerscher Alfred Kinsey.
- 1912: De brittesche Mathematiker a Kryptoanalytiker Alan Turing gëtt gebuer.
- 1917: De lëtzebuergeschen Auteur Émile Erpelding kënnt op d'Welt.
- 1948: Ufank vun der Blockad vu Berlin duerch d'Sowjetunioun.
- 1963: De Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt fir d'éischt am Summer gefeiert, amplaz am Wanter.
- 2016: D'Britte stëmmen an engem Referendum majoritär fir en Austrëtt vun hirem Land aus der Europäescher Unioun.
Kierzlech Verstuerwen

- 22. Juni: Alan Greenspan, US-amerikanesche Ekonomist.
- 15. Juni: Abdullah Ibrahim, südafrikanesche Museker a Komponist.
- 11. Juni: David Hockney, brittesche Kënschtler.
- 6. Juni: Alan Hale, US-amerikaneschen Astronom.
- 4. Juni: Marjane Satrapi, franséisch-iranesch Comics-Auteurin a Filmregisseurin.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik