Op den Inhalt sprangen

Postcode

Vu Wikipedia
Image
Stroosseschëld am Postdistrikt 2 zu Cork

De Postcode ass en Ensembel vun Zifferen an/oder Buschtawen, dee vun de Postgesellschafte gebraucht gëtt fir d'Verdeelen an d'Sënnere vum Courrier méi séier a méi einfach kënnen ze maachen.

Postcodë kënne vun automatesche Sënnermaschinne gelies ginn an d'Verdeele vum Courrier op déi respektiv Verdeelerplaze ka sou ouni manuell Interventioun gemaach ginn.

D'Postcodë vun de verschiddene Länner sinn am Prinzip no geographeschen Zonen agedeelt. Verschidde Spezialcodë si fir Postkëschten oder wéi z. B. a Frankräich fir Institutiounen oder Entreprisë reservéiert. Dat ass do de System CEDEX (Courrier d'entreprise à distribution exceptionnelle).

Zu Singapur huet all gréissert Gebai säin eegene Postcode.

Irland ass dat eenzegt Land an der EU, dat laang kee landeswäite Postcodesystem hat. Just an de Stied Dublin a Cork gouf en een- oder zweestellege Code benotzt[1], ier 2015 den Eircode agefouert gouf[2].

Zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf de Postcode am Juli 1980 agefouert a besteet aus 4 Zifferen.

Image Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Postleitzuel (Lëtzebuerg).

Image  Commons: Postcode – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Postal Addresses in Ireland
  2. Getting an Eircode. www.eircode.ie. Gekuckt de 05.12.2020.