Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 66.960 Artikelen an 140 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

Image
  • … de Saz „Play it again, Sam!“ esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?
  • … d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eegen Televisiounsemissioun hat?
  • … den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?

Artikel vun der Woch

Déi aktuell Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck
Déi aktuell Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck
D'Jean-Bertels-Statu op der aler Sauerbréck, déi Iechternach mat Iechternacherbréck verbënnt, kann op eng mouvementéiert Geschicht zeréckkucken.

Am Abrëll 1798 gouf fir d'éischt Kéier eng Statu vum Bertels op d'Bréck gesat, déi vu sengem Grafmonument an der Iechternacher Basilika hierkoum, an déi do eng Kräizegungsgrupp ersat huet. Géint Enn vun den 1860er Jore gouf se vun Iechternacher Vandalen, déi e Patt ze vill gedronk haten, zerstéiert an an d'Sauer gehäit.

Et sollt bis den 21. September 1883 dauere bis si duerch e Wierk vum Veianer Sculpteur Michel Deutsch ersat gouf. Hir gouf an der Nuecht vum 3. op de 4. Mäerz 1939 vu besoffenen Nazien, déi provozéiere wollten, de Kapp erofgeschloen an an d'Sauer gehäit. Si konnt glécklecherweis nees gefléckt ginn.

Wéi d'Wehrmacht den 12. September 1944 d'Sauerbréck gesprengt huet, blouf de mëttelste Pilier mat der Statu stoen; si war nach intakt, gouf awer duerno am weidere Verlaf vum Krich zerstéiert... > méi Aner Artikele vun der Woch

Image

Op engem 28. Mäerz

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: … den 28. Mäerz… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Lionel Jospin (2008)
Lionel Jospin (2008)

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Image
… d'Madygen-Formatioun an der Géigend vum Duerf Sary-Tasch, am Rajon Alai, am Oblus Osch, am Kirgisistan.

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik