6 gutt Grënn fir d'IVLB

IVLB (Interessegemeinschaft Vermaartung Lëtzebuerger Biofleesch a.s.b.l.) ass ären Uspriechpartner wann et ëm Bio-Fleesch zu Lëtzebuerg geet.

Image
Image

Lokal
Veraarbechtung

Mir schaffen mat handwierkleche Betriber aus der Regioun/ zu Lëtzebuerg zesummen.
Image

Qualitéits-Fleesch

Duerch eng natierlech an aartgerecht Ernärung souwéi kuerz Transport-Weeër gëtt eng gutt Qualitéit garantéiert.
Image

Nohalteg, Flächegebonne
Produktioun

Bio-Produktioun kann nëmmen am Aklang mat der Natur geschéien. Mir hale just déi Déieren di mir mat eiser Fläch fiddere kënnen.
Image

Fair Präisser

Nëmme mat faire Präisser kann eng Produktioun och an Zukunft garantéiert ginn.
Image

Aartgerecht
Déierenhaltung

All Déiere ginn no de strenge Bio-Reegele gehalen. Fir eis Labelen (Bio-Maufel, Bio-Green-Beef) sinn nach weider Krittären definéiert.
Image

Bio-Baueren zu
Lëtzebuerg

Membere vum IVLB si Bio-Baueren zu Lëtzebuerg di hire gesamte Betrib no den EU-Bio Reegelen féieren.
Image
Image
Lokal Veraarbechtung
Mir schaffen mat handwierkleche Betriber aus der Regioun/ zu Lëtzebuerg zesummen.

Image
Qualitéits-Fleesch
Duerch eng natierlech an aartgerecht Ernärung souwéi kuerz Transport-Weeër gëtt eng gutt Qualitéit garantéiert.

Image
Nohalteg, Flächegebonne Produktioun
Bio-Produktioun kann nëmmen am Aklang mat der Natur geschéien. Mir hale just déi Déieren di mir mat eiser Fläch fiddere kënnen.

Image
Fair Präisser
Nëmme mat faire Präisser kann eng Produktioun och an Zukunft garantéiert ginn.

Image
Aartgerecht Déierenhaltung
All Déiere ginn no de strenge Bio-Reegele gehalen. Fir eis Labelen (Bio-Maufel, Bio-Green-Beef) sinn nach weider Krittären definéiert.

Image
Bio-Baueren zu Lëtzebuerg
Membere vum IVLB si Bio-Baueren zu Lëtzebuerg di hire gesamte Betrib no den EU-Bio Reegelen féieren.

Image

"Gesond an natierlecht Fleesch
aus der Regioun."

Eis Philosophie

  • D’Interessegemeinschaft Vermaartung Lëtzebuerger Biofleesch a.s.b.l. ass 2010 vun e puer engagéierte Biobauere gegrënnt ginn.
  • De Verkaf gëtt direkt tëschent dem Bauer an dem Metzler organiséiert, domadder stäerke mir Vertrauen an der Liewensmëttelketten a garantéiere fair Präisser.
  • Duerch di biologesch Wirtschaftsweis garantéiere mir eng nohalteg Produktioun.
  • Eis Déiere ginn aartgerecht an no de strenge Bio-Krittäre gehalen.
  • All Betrib gëtt op mannst ee mol am Joer vun enger onofhängeger Organisatioun kontrolléiert.
Image

Eist Zil

  • Eng nohalteg Produktioun am Aklang mat der Natur a mam Déier ze garantéieren.
  • D’Fleesch wat op eise Member-Betriber produzéiert gëtt, zu Lëtzebuerg zu faire Präisser ze vermaarten.
  • Eng Partnerschaft mat handwierkleche Betriber aus der Regioun/ zu Lëtzebuerg opzebauen.
  • Dem Client di beschte Qualitéit a gesond Liewensmëttel unzebidden.
Image

Eis Déieren

Ginn no de strenge Bio-Reegele gehalen:

  • Rand: eis Randbéischte verbréngen e Maximum vun hirer Zäit op eise Wisen. Si erhalen eis Kulturlandschaft a verwandelen Gras zu engem wäertvolle Liewensmëttel.
  • Schwäin: eis Fierkele verbrénge vill Zäit mat hirer Mamm. Si kennen hir natierlech Verhalensweis voll ausliewen bei dëser aartgerechter Haltung.
  • Schof: si hëllefen eis Biodiversitéit ze erhalen an eis Landschaft ze pfleegen.
  • Hénger: souwuel di weiblech wéi och di männlech Déieren sinn eis wichteg.

Fir di eenzel Labelen (Bio-Maufel, Bio-Green-Beef) sinn nach weider Krittären definéiert.

Image

De Kommitee

De Kommitee setzt sech zesummen aus aktive Memberen di sech niewent hirer alldeeglecher Aarbecht am Betrib, fir Ziler vum IVLB engagéieren.

President

Image
Josy Thill

Vizepresident

Image
Lynn Jemming

Responsabel Vermaartung

Image
Philippe Matgé

Keessjee

Image
Mariette Barthelmy-Koppes

Sekretär

Image
Christian Zimmer
Image
Guy Lambert
Image
Arthur Meyers
Image
Fränk Miller
Image
Bob Simon
Image
Mario Kleer
Image
Linda Johanns-Zinnen
Image
Image
Image