Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.796 Artikelen an 121 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … wärend den Ëmbauaarbechten vum Chambersgebai, 1997-1999, d'Chamber hir Sëtzungen am Stater Stadhaus ofgehalen huet?
- … den Edmond de la Fontaine (1823-1891) net nëmmen, ënner dem Pseudonym Dicks, Operette geschriwwen huet, mä och jorelaang al Seeërcher a Bräich erfuerscht huet?
- … op der Pallett vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?
- … de Manneken Pis am Mee 2018 säin 1000. Costume geschenkt krut?
- … dem Groussherzog seng Bibliothéik ronn 45.000 Wierker ëmfaasst?
Artikel vun der Woch

Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech. Si war bis 1846 eng eegestänneg Gemeng. Uewerpallen läit an engem breeden Dall, um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz. Déi gréisst Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen.
Den Numm vum Duerf ass op d'Baach Pall zeréckzeféieren. Verschidde fréier Variatioune vum Numm loossen op eng Grënnung vum Duerf zur Zäit vun der eelster fréifränkescher Zäit schléissen. Den Diggel, deen hautdesdaags zu Uewerpallen gehéiert, e puer honnert Meter vum „Zentrum“ ewech, war deemools en eegent Duerf.
Den Territoire vum haitegen Uewerpallen gouf säit dem Paleolithikum onënnerbrach besidelt. D'Siidlung war iwwer e Kiem, deen haut nach existéiert, un dat réimescht Stroossennetz ugeschloss. An den 1970er Jore gouf eng grouss réimesch Villa entdeckt, mä net ausgegruewen. Déi eelst haut nach siichtbar Reschter an der Uertschaft sinn d'Kierch, déi 1707 fäerdeg gouf, de Baurenhaff A Gräins vu 1766 an d'Kräizer déi laanscht Stroosse stinn... > méi

Op engem 10. Mäerz

- -241: D'Réimer versenken d'karthagesch Flott; Enn vum 1. Punesche Krich.
- 1503: Gebuert vum Ferdinand I., Keeser vum Hellege Réimesche Räich (1558 bis 1564).
- 1772: Den däitsche Philosoph a Schrëftsteller Friedrich Schlegel gëtt gebuer.
- 1892: De franséisch-Schwäizer Komponist Arthur Honegger kënnt op d'Welt.
- 1892: Doud vum lëtzebuergesche Geeschtlechen, Politiker a Journalist Nicolas Breisdorff.
- 1919: Gebuert vum franséische Schauspiller Jean Lefebvre.
- 1920: De franséische Schrëftsteller a Chansonnier Boris Vian gëtt gebuer.
- 1952: De Fulgencio Batista putscht sech a Kuba un d'Muecht.
Kierzlech Verstuerwen

- 7. Mäerz: Country Joe McDonald, amerikanesche Folk- a Rocksänger.
- 5. Mäerz: António Lobo Antunes, portugisesche Schrëftsteller.
- 28. Februar: Mahmud Ahmadinedschad, Ali Chamenei, iranesch Politiker.
- 27. Februar: Neil Sedaka, US-amerikanesche Sänger a Songschreiwer.
- 23. Februar: Léon Faber, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
